Moien a wëllkomm op dëser Homepage.

 

Mäin Numm ass Serge, sinn bestuet an hunn 1 Kand.

 

Nieft menger Famill a menger Aarbecht kachen ech ganz gären an probéieren och ëmmer erëm gären nei Saachen beim Kachen aus.

 

Sou sinn ech och virun Joren bei enger Virféierung op den Thermomix opmierksam ginn an war direkt begeeschtert.

 

Soubal mir eisen 1. Thermomix heiheem haten, hunn ech villes dran probéiert wat een am Normalfall net sou einfach hikritt an dofir kann ech Iech den Thermomix nëmmen recommandéieren.

 

Vu que datt mir sou dovun iwwerzeegt waren, hunn mir eis 2018 dozou entschloss Thermomixvertrieder ze ginn.

 

Wann Dir elo virwëtzeg ginn sidd an des Maschinn kennen léieren wëllt, kennt Dir mech gären kontaktéieren vir eng gratis Demo bei Iech doheem.

 

Natierlech stinn mir Iech gären zur Verfügung fir all weider Froen, also zeckt net eis ze kontaktéieren.